Tëschent dem Léonie, der Fra vum Buergermeeschter Leander Wiltgen an hirer direkter Nopesch Josette, Fra vum Roland Kabes, President vum lokale Gaart an Heem, gëtt et ständeg Streidereien wéinst der Gréisst vunn hirem Grondstéck. Nuets versetzen si ëmmer erëm de Grenzsteen zu hire Gonschten fir hir jeweileg Pläng ëmsetzen ze kënnen.
D’Kanner béider Familljen versichen d’Eenegkeet erëm hirzestellen, wéi se virdrun tëschent hire Mamme war. Dofir gëtt e gudde Frënd vum Alex engagéiert, fir di béid Fraen fir d’éischt emol anstänneg op d’Palm ze dreiwen. Dee gëtt sech dobäi als Archäolog aus a fënnt anscheinend wertvoll Fonntstécker vunn engem fréieren Adelsgeschlecht an hire Gäert. Nieft deene Fonntsaachen fënnt hien esouguer eppes aus hirer eegener Vergaangenheet.
En ominöse Geméisdéif suergt dofir, dass di lokal Police a Persoun vum Edy Flick op d’Plaz geruff gëtt. Séng droleg Ermëttlungsmethoden féieren just nach zu zousätzleche Konfusiounen.
Wat wäerten d’Fraen lo ënnerhuelen, fir hir Pläng awer nach ze verwierklechen? Wien ass deen ominéise Geméisdéif a wat huet den Tunn wierklech Wertvolles fonnt?