Endlech ass et esouwĂ€it! Deen Ă©ischten Dag an der Mme Dr. ValĂ©rie GrĂ©ngespoun hirer neier Praxis, dĂ©i si vum duerfbelĂ©iften an elo pensionĂ©ierten Dr. Fuuss iwwerholl huet, fĂ€nkt schonn direkt gutt un! Gott sei dank steet dâFanny, SekretĂ€rin, Assistentin a gutt SĂ©il vunn der Praxis hir mat Rot an Dot zur SĂ€it, wĂ©i dee groussspuerege Buergermeeschter Lucien Luussert mat sĂ©nger Fra Anni, samt sĂ©nger Mamm Rosa opkrĂ€izt. DrĂ©ngensd verlaangt hien en Attest, dass dâBomi Rosa esou sĂ©ier wi mĂ©iglech an dâAltersheim agewise ka ginn. MĂ€ do huet net nĂ«mmen dâRosa eppes dergĂ©int!
WĂ©i dann och nach deen als mĂ«nschescheien Tuddeler bekannte Benny, Fleeger aus dem âDĂ«lpessenhausâ, der lokaler Psychiatrie-Klinik, mat drĂ€i Patienten opdaucht, geet et an der Praxis drĂ«nner an driwwer. DâClaire, den Didi an de Carlo brĂ©nge mat onsichtbaren DĂ©ieren, engem RöntgebrĂ«ll a verschidden Zaubertricken net nĂ«mmen anstĂ€nneg Schwong an dâBud, mĂ€ erfanne kuerzerhand och nach komplett nei Behandlungsmethoden! Speziell de Carlo wiesselt esou sĂ©ier dâPersĂ©inlechkeeten, datt et engem dronke gĂ«tt. Wien hei zu gudder Lescht wierklech Patient, Dokter, Fleeger oder DĂ«lpes ass, dat gĂ«lt et erauszefannen!