Di dräi befrëndte Koppelen Misch a Romy Dunant, Heng a Malou Barthel souwéi John an Tréis Morn hu laang op dës Vakanz gespuert. Endlech ass et esouwäit! Si klammen an de Fliger Richtung Mallorca. Trotz e puer harmloser Turbulenzen op dësem Fluch, kommen si gesond a monter an der Finca „El Leschtos Lachos“ un an no engem Bléck aus der Riese-Panorama-Fënster Richtung Plage ass fir si kloer: dat gëtt eng flott Vakanz.
Och de Besëtzer vunn der Finca, Aurelio Martinez, liest eise Vakançieren all Wonsch vunn den Aen. Virun Allem bei de Fraen weess hien mat séngem südlännege Charme z’iwwer-zeegen. Wéi de John beim Schlofwandelen dann onverhofft op d’Grace Callahan trëfft, schéngt d’Blad sech ze wenden, well di vermeintlech berühmten Hollywood-Actrice schéngt grousse Gefalen un de Männer ze fannen. Dëst Verhalen léist bei hire Fraen net grad grouss Begeeschterung aus. Nodeems di dräi Männer mam Grace un d’Strandbar gaange sinn, erklären sech d’Fraen no deem engen oder anere Glas spuenesche Wäin bereet, als Backgroundsängerinnen fir den Aurelio anzesprangen, dee vunn enger grousser Gesangskarriere dreemt.
De Chaos ass perfekt, wéi si alleguer dee nächste Mueren an den Äerm vunn engem anere Partner erwächen. Koum et an der Nuecht esouguer ieren zum Partnertosch? A wéi zum Schluss och nach di ganz Vakanzekeess samt Schmuck feelt, kënnt fir si just ee Verdächtegen a Fro. De John! Well och deen ass spuerlos verschwonnen. Huet deen sech tatsächlech mat de Frënn hire Suen aus dem Stëbs gemaach a säin Tréis am Stach gelooss? Oder gëtt et nach eng aner Léisung?